Radioen

On air

Thé Dansant  |  Neil Young - My My, Hey Hey (Out Of The Blue)

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Explicit Lyrics

Explicit Lyrics

headphones

64 min

Lauschteren play_arrow


Mat "The Architecture of Oppression Part 1" verëffentlecht den Jake Ferguson säin Debut als Bandleader an Arrangeur mat der Formatioun The Brkn Record.
The Dead South ass eng kanadesch Folk-Bluegrass-Band, déi bekannte Lidder revisitéiert.
Dead Combo ass am haarde Kär en Duo mam Tó Trips et Pedro Gonçalves. Musikalesch héiere mer hei en excellente Melange vu Fado, Cabaret, Jazz, Latino a Spaghetti Western Kläng.
De Fado begéint d'Energie vum Rock op der Misia hirem Album "Pura Vida", en Disk, deen d'Léift awer och d'Ecken an d'Kante vum Liewen erklénge léisst. A wat fir eng Stëmm!!
Haut duerch d'Géigend vagabundéieren ass scho bal eng Saach vun der Onméiglechkeet. Musikalesch Postkaarten aus de véier Ecke vum Planéit ginn et der awer nach. Den Album "Vagabond" vum schweedeschen Jazz-Gittarist Ulf Wakenius léisst Influenzen aus der Bretagne, Südamerika, dem Orient bis zu den archaesche Gesäng vun den Native Americans erkléngen.
Erika Stucky, déi Schwäizer Amerikanerin huet verschidde kënschtleresch Identitéiten: Performerin, Sängerin a Multi-Instrumentalistin.
Ganz engagéiert géint de Rassismus a géint all Form vun Ënnerdréckung ass nieft dem Jake Ferguson vun The Brkn Record och de Schott Joseph Malik. "Science Fiction turns into Science Facts" gëtt hei gesongen, et geet ëm "Government control and more authoritarian leadership".
Dem Pianist Noah Vanden Abeele säin Album "Universe" ass en Disk, dee beaflosst ass vu sengem klasseschen Training um Bréisseler Conservatoire. Hie kënnegt en neien Album fir dëst Joer un. "Horizon" ass dësen iwwerschriwwen an e kënnegt méi Influenze vum Pianist un.
Den argentinesche Gittarist Ignacio Maria Gomez ass schonn ëmmer gäre gereest. Eng vu sengen Etappe war Paräis 2016. Do begéint hien de Vincent Ségal, deen him ë. a de Ballaké Sissoko virstellt. De Fil en Aiguille füge sech lues a lues d'Elementer vu sengem Debutalbum "Belesia" zesummen.
Urban Village ass den Alias vu véier experimentelle Museker vu Soweto. Hiren Debut "Udondolo" koum virun engem Joer eraus.
De mysteriéise Kollektiv Sault a säin hypnoteschen "Wildfires", vum Album "Untitled (Black Is)" huet och de Rassismus am Viséier. Et geet ëm d'Schwaarzsi vun der Rebellioun bis zur Resilienz.


Playlist:


The Brkn Record - Break the Chains - The Architecture of Oppression, Pt. 1
The Dead South - People Are Strange - Easy Listening for Jerks, Pt. 2
Dead Combo - Lisboa Mulata (feat. Tó Trips & Pedro Goncalves) - Lisboa Mulata (feat. Pedro Goncalves & Tó Trips)
Danças Ocultas - Dança d'Alba (feat. Rodrigo Leao) - Amplitude
Misia - Ausência - Pura Vida (Banda Sonora)
Ulf Wakenius, Vincent Peirani & Lars Danielsson - Witchi-Tai-To - Vagabond
Flow Job - I Wanna Squeeze You - Lieder Aus Den Bergen
Erika Stucky - Afro Blue (Live) - Stucky Live
Joseph Malik - Days of Future Past - Diverse, Pt. 3
Noah Vanden Abeele - Secret - Universe
Ignacio Maria Gomez - Tchen Dorò - Belesia
Urban Village - Ubusuku - Udondolo
Sault - Wildfires - Untitled (Black Is)
LaBulKrack - Grand voile - Cumbia Bamako

Musek

Episoden

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow

The New Tradition

Spannend Kollaboratiounen tëschent Museker aus verschiddene Kulturen, eng Stëmm voll Kraaft vum zäitgenëssesche britteschen R&B an e Retour a vergaangen Zäiten.
headphones

55 min

play_arrow