arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ War Ina Babylon

War Ina Babylon

Lauschteren play_arrow
headphones

55 min

“Jesus died for Somebody’s Sins but not mine ..”, e Saz, dee mir kennen aus der Patti Smith hirem Cover vum Van Morrison sengem “Gloria” aus dem Joer 1964. 2013 gräift den Tricky dësen Deel vum Text op a engem ganz minimalisteschen Ausdrock op sengem Album “False Idols”.


D’Geschicht vu Stand High Patrol fängt am Joer 2000 un, wéi zwee Bretonen decidéiert hunn e Soundsystem ze grënnen …


E Klassiker dës Kéier ass der Ninga Hagen & Band hiren Album “Unbehagen”, deen 1980 erauskoum. Dëst war den 2. a leschten Album vun der Band, duerno ass d’Nina Hagen enger Solokarriär nogaangen an de Grupp huet ënner dem Numm Spliff weidergemaach.


Retour an d’ufanks 70er mam psychedeelesche Brasilianer Tim Maia. Merci dem David Byrne sengem Label Luaka Bop fir un dës kleng Pärel erënnert ze hunn!


D’Kläng aus der Karibik ugeräichert mat Overdub Experimenter an dem Ierwe vum American Songbook, dat war dee ganz eegenen Touch vum amerikanesche Singer-Songwriter Harry Nilsson, deen ufanks de 70er op der Spëtzt vu sengem Succès war.


De franséische Saxofonist a Keyboarder Laurent Bardainne héiere mir zesumme mat der Célia Wa, Singer-Songwriterin a Flüttistin, déi mat den Traditioune vum Gwo Ka aus der Guadeloupe grouss gouf.


Zwee Mënschen, déi an engem aneren Eck vun der Welt liewen, eng aner Sprooch schwätzen an zesummen dat selwecht Lidd am Duett sangen. Rieds geet vun der brasilianescher Singer-Songwriterin Vanessa da Mata an dem Ben Harper. Si gräifen d’Theema vun der Trennung op, am richtege Liewen an an der Geschicht vum Lidd.


Bazar Pamplona aus Brasilie sinn e Geheimtipp. Si spillen an Underground Venues an trieden op alternative Folkfestivaller op. Dës Band huet hir ganz eegen artistesch Approche, ewech vum Mainstream …


Playlist:

1. José James - The Healer (feat. Ebban Dorsey) - On & On

2. Tricky - Somebody’s Sins - False Idols (Bonus Track Version)

3. Nitin Sawhney - Cant’t Breathe - Dystopian Dream

4. Espen Horne - Den Franske Gitaren (feat. Aich) - The Anatomy of Serene Eloquence

5. Stand High Patrol - Sleep on It - Nova Tunes 3.1

6. Max Romeo & The Upsetters - Chase The Devil - War Ina Babylon (Expanded Edition)

7. Nina Hagen & Nina Hagen Band - African Reggae – Unbehagen

8. Tim Maia - Nobody Can Live Forever - Nobody Can Live Forever: The Existential Soul of Tim Maia

9. Harry Nilsson - Coconut - Nilsson Schmilsson

10. Erick Cosaque - Guadeloupe, île de mes amours - Chinal Ka 1973 - 1995

11. Laurent Bardainne, Celia Wa & Tigre d'Eau Douce - Jou en nou rivé - Hymne au soleil

12. Bazar Pamplona - É Tão Cafona o que Eu Sinto Por Você - Todo Futuro é Fabuloso

13. Vanessa da Mata & Ben Harper - Boa Sorte (Good Luck) - Hôtel Costes 11

14. Phat Dat - Flowers - Flowers

15. Yo La Tengo - Center of Gravity - I Can Hear the Heart Beating As One (25th Anniversary Deluxe Edition)

16. Laurent Rochelle & Marc Sarrazy - Moving in Circles - Cyclotimic Songs

Episoden

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Think twice, before judging

Soul, Blues, Gospel, Hoffnung, Léift … déi afrikanesch Diaspora kënnt zu Wuert a mir entdecken nei en Album aus den ufanks 70er Joren
headphones

56 min

play_arrow

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status
headphones

56 min

play_arrow

“The Eternal Now” (Chip Wickham)

Facetteräich an originell Singer-Songwriter, Pärelen aus der englescher Jazzzeen a kuerz virum Startschoss e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes
headphones

56 min

play_arrow

Trans Musicales

En Ausflug an d’Sahara, eng Etapp bei de Garifuna an e Bléck op d’Trans Musicales vu Rennes.
headphones

57 min

play_arrow

Un automne 2025

En eenzegaartege Songwriting, eng musikalesch Rees op de Spuere vum Sklavenhandel an e Bléck op d’Programmatioun vun den Transmusicales vu Rennes.
headphones

56 min

play_arrow

Hybrids and more

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, op deen a Südafrika eng Iwwerraschung gewaart huet!