Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Tribal Beats

Tribal Beats

headphones

61 min

Lauschteren play_arrow

De franséische Grupp Mano Negra war aktiv tëschent 1987 an 1994 mam Manu Chao als Frontmann.

De Manu Chao huet och als Solo-Artist international vill Succès an huet en éischten Titel verëffentlecht, deen den neien Album “Viva Tu” ukënnegt. Mat “Viva Tu” wëllt de Manu Chao Hoffnung vermëttelen an dëser Welt, déi vu Konflikter gepräägt ass.


Déi andalusesch Sängerin Rocío Márquez vereent hir Kräfte mam Produzent Bronquio um neien Album “Tercer Cielo”, e couragéierten Disk, op deem d’Traditioune vum Flamenco mat der Elektronik an aneren Influenzen nei Dimensioune schafen. Keen einfache Kascht mee interessant a couragéiert!


“Heavy Heavy” ass de véierte Studioalbum vun de Young Fathers. D’Schotte sinn domadder op oppen Ouere getraff an a Punkto Energie maacht Iech prett op heavy Beats.


Op Massive Attack hirem onëmgänglechen “Safe from Harm” vum Debutalbum “Blue Lines” ass de Bass, d’Gittar an d’Drums gesampelt vum Billy Cobham sengem Titel “Stratus” vun dësem sengen Album “Spectrum”. En zäitlosen Album!


E richtegen Retour en Force héiere mir vu Witch, d’Psych-Rock-Grupp aus Zambia, déi elo en éischten Disk no 39 Joer verëffentlecht hunn:”Zango”.


D’Lead-Single “Yerimayo Celebration” vum senegaleesesche Sänger-Gittarist Baaba Maal léisst eng kraaftvoll Reconnectioun mat senge Racinnen erkléngen.


These New Puritans hiren zweete Studioalbum “Hidden” passt a keng Kategorie. Eng Zort Art-Rock mat bei “Hidden” enger gréisserer Klangpalett, bei där d’Englänner mat engem tschecheschen Orchester collaboréiert hunn.


Playlist:

1. Mano Negra - Out of Time Man - King of Bongo

2. Manu Chao - Viva tu - Viva tu - Single

3. Rocío Márquez & BRONQUIO - Un Ala Rota (Garrotín) - Tercer Cielo

4. Young Fathers - I Saw - Heavy Heavy

5. WITCH - Avalanche of Love (feat. Sampa the Great) - Zango

6. Massive Attack - Safe from Harm - Blue Lines

7. Baaba Maal - Yerimayo Celebration - Being

8. These New Puritans - Drum Courts–Where Corals Lie - Hidden

9. Sarah McCoy - Devil’s Prospects - Blood Siren

10. Leyla McCalla - Peze Café - A Day for the Hunter, a Day for the Prey

11. Calexico - El Mirador - El Mirador

12. Mokhtar - Disco Chamo (feat. Théo Morin & Marine Quinson) - EP#3

13. Erik Truffaz - L’alpagueur - Clap!

14. dEUS - Dream Is a Giver - How To Replace It

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.