Radioen

On air

De Moien  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Summer 2024

Summer 2024

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Déi franséisch Singer-Songwriterin Marion Rampal gëtt bei “D’autres Soleils” begleet vun der Batteuse Anne Paceo. Dëst ass eng vun de Collaboratiounen, déi op der Marion Rampal hirem Album “Tissé” ze héiere sinn.

De Rusan Filiztek an de François Aria hate sech begéint a kennegeléiert am Kader vun enger Jam. D’Zesummespill huet esou gutt geklappt, datt déi zwee decidéiert hunn hir zwou Kulturen, de Flamenco an déi traditionell kurdesch Musek op engem gemeinsamen Album ze vereenen.

De Womad Festival, deen d’Diversitéit vun de Kulture feiert, mécht gläich seng Dieren op, vum 25.-28. Juli.
Hei e klenge Virgeschmaach z. B. op déi palästinensesch Rapper vun DAM, d’79rs Gang mat hirer neier Interpretatioun vun den traditionellen New Orleans Mardi Gras Traditiounen a Musek vun de Kanareschen Inselen, déi eis éischter seelen zu Ouere kënnt, mam Hirahi Afonso.

Eis méi kill nërdlech Regioune bréngen e ganz anere Sound ervir, deen och um Womad vertrueden ass, mat ë. a The Breath, dat ass deen zu Manchester baséierte Gittarist Stuart McCallum zesumme mat der irescher Sängerin a Flüttistin Ríoghnach Connolly.

Playlist:
1. Marion Rampal - D’autres soleils (feat. Anne Paceo) - Tissé
2. Rusan Filiztek & François Aria - Ya Ayn Mulayiitayn - Ez Kevokim - Zêr-Av
3. Rhiannon Giddens - Brown Baby (with Francesco Turrisi) - There Is No Other (with Francesco Turrisi)
4. DAM - Emta Njawzak Yamma - Ben Haana Wa Maana
5. 79rs Gang - 79rs Bout To Blow
6. Bixiga 70 - 100% 13 - III
7. Hirahi Afonso - Lo Puro (feat. Rita Payés & Vic Mirallas) - Lo Puro
8. Bala Desejo, Dora Morelenbaum, Julia Mestre & Lucas Nunes - Dourado Dourado - SIM SIM SIM
9. The Breath - Let the Cards Fall
10. Hack-Poets Guild - Ten Tongues (feat. Marry Waterson, Lisa Knapp & Nathaniel Mann)
11. Amadou Balake - Migoussia - Taximen

Musek
Jazz
Rock a Pop

Episoden

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow

The New Tradition

Spannend Kollaboratiounen tëschent Museker aus verschiddene Kulturen, eng Stëmm voll Kraaft vum zäitgenëssesche britteschen R&B an e Retour a vergaangen Zäiten.
headphones

55 min

play_arrow

On The Road I

Sonneg Latino Kläng, déi d’Wolleke verdreiwen, Singer-Songwriting, dee Geschicht geschriwwen huet, a Musek fir ze dreemen oder ze chillen.
headphones

56 min

play_arrow

sunny side up

Musek fir ze chillen, Rhythmen aus dem waarme Süden, walisesch Traditiounen nei interpretéiert an eng virtuos Zitar
headphones

56 min

play_arrow

Desert Blues

Ishumar Musek, déi op Lëtzebuerg kennt, eng Decouverte aus Pakistan, alternative Folk aus Wales …
headphones

61 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow