Radioen

On air

Iwwer de Wolleken  |  John Andrews & The Yawns - Never Go Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Are You Going With Me

Are You Going With Me

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Dee franséischen Dj an Produzent Guts ass e fréiere Member vun Alliance Ethnik. Um Album “Philantropiques” sinn eng Rëtsch Gaaschtinvitéen ze héieren, deenen et derwäert ass en Ouer ze schenken.

De Peter Solo vun der Formatioun Vaudou Game ass am Togo gebuer op enger Plaz, wou d’Voodoo-Kultur gelieft gëtt. Esou gouf hie grouss mat dësen Traditiounen, bei deenen de Respekt vun all Liewensforme wichteg ass.

En éischten neien Album no bal dräi Joerzéngte kennt vum Acid-Jazz Outfit Galliano: “Halfway Somewhere”, et ass e würdegen Nofolger vun hirem Debut “In Pursuit of the 13th Note”.

D’Pat Metheny Group lauschtere mir vum Album “Offramp” mat hirem ganz eegene Stil vun der deemoleger zäitgenësseger Jazz-Fusioun. D’80er hu jo den Ufank vun neien Instrumenter gesinn, hei héiert Dir z. B. dem Metheny säi Gittar-Synthesizer, e Roland GR-300, deen hie fir d’éischt wärend dëser Session benotzt huet.

De Sage Motel zu San Francisco war fir d’éischt e Stopover fir Biker an Trucker an de 40er Joren, dunn an de 60er a 70er Joren en Treffpunkt fir Artisten, Weltebummler a Vagabunden. Dëser Plaz hunn d’Monophonics mam Kelly Finnigan en Album gewidmet.

De Stef Kamil Carlens war ee vun de Grënner-Membere vun dEUS, do huet hien de Bass gespillt an och gesongen. 97 huet hien dEUS verlooss, fir sech op seng eege Band Zita Swoon ze fokusséieren. Elo ass en ënner sengem Numm ënnerwee.

Musek
Rock a Pop

Episoden

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow

The New Tradition

Spannend Kollaboratiounen tëschent Museker aus verschiddene Kulturen, eng Stëmm voll Kraaft vum zäitgenëssesche britteschen R&B an e Retour a vergaangen Zäiten.
headphones

55 min

play_arrow

On The Road I

Sonneg Latino Kläng, déi d’Wolleke verdreiwen, Singer-Songwriting, dee Geschicht geschriwwen huet, a Musek fir ze dreemen oder ze chillen.
headphones

56 min

play_arrow

sunny side up

Musek fir ze chillen, Rhythmen aus dem waarme Süden, walisesch Traditiounen nei interpretéiert an eng virtuos Zitar
headphones

56 min

play_arrow

Desert Blues

Ishumar Musek, déi op Lëtzebuerg kennt, eng Decouverte aus Pakistan, alternative Folk aus Wales …
headphones

61 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow