Radioen

On air

Thé Dansant  |  Bob Marley & The Wailers - Get Up, Stand Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ From Mali to Norway

From Mali to Norway

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

... zwee Norweger zum Theema Fridden oder Léift, e Fransous, deen op Americana steet an e Weltbierger, deen e Problem mat Grenzen huet:


Den Touareg Grupp Imarhan huet elo dëser Deeg een Titel vun hirem drëtten an neien Album "Aboogi" gedeelt. Inhaltlech geet et ëm déi jonk Generatioun, musikalesch villverspriechend.
Aus dem Togo komme Vaudou Game, eng Formatioun ronderëm de Frontmann Peter Solo, dee sech reegelméisseg mat de Gottheeten a mam Voodoo ausenanersetzt.
D'Fanfare Jumbo System huet zesumme mam MC Miscellaneous eng nei Ep opgeholl: "Jumbo System", musikalesch um Carrefour vum Jazz, Funk, Highlife an den traditionelle Museken.
De Vieux Farka Touré aus dem Mali, a Fils vum groussen Ali Farka Touré, huet den israeelesche Pianist Idan Rachel iergendwann eng Kéier zoufälleg begéint, déi zwee goufe Frënn an hunn zwou Kollaboratioune verëffentlecht, déi zäitlos sinn.
Kings of Convenience, dat sinn am haarde Kär zwee Norweger, déi sech 12 Joer Zäit gelooss hu fir hire véierten Album "Peace or Love".
Vun der Sonn genierte Kläng, déi léist de Londoner Quartett Night Flight erkléngen, melodesch a mat engem nostalgeschen Ouer a Richtung 80ies.
De Farees huet vill Influenzen. D'Welt ass säin Doheem, net nëmmen Afrika, wou hien ë. a. op der Säit vun Tinariwen gespillt huet. De Farees ass vun Ufank un en engagéierte Museker, deen dës Konschtform benotzt, fir sech ze positionéiere par Rapport zu de villen Ongerechtegkeeten, déi Mënschen erdroe mussen, egal op wéi engem Kontinent si liewen, egal wat hir Croyancë sinn oder hir eethnesch Ofstamung.


Playlist:


Imarhan - Achinkad - Aboogi
Mossa & Zoya - Ezaho - Tafouk D Ewar - EP
Vaudou Game - Mon Canapé - NOUSSIN
Seu Jorge - Cirandar - Seu Jorge and Almaz
Jumbo System & MC Miscellaneous - My Own Drum - Jumbo System - EP
Vieux Farka Touré - Maya (feat. Idan Raichel) - Samba
The Touré-Raichel Collective feat. Yankale Segal - Kfar (Feat. Yankale Segal) - The Tel Aviv Session
Sam Evian - Lonely Days - Time to Melt
Kings of Convenience - Catholic Country (feat. Feist) - Peace Or Love
Kings of Convenience - Rocky Trail - Peace Or Love
Kings of Convenience - Love Is A Lonely Thing (feat. Feist) - Peace Or Love
NIGHT FLIGHT - Sleeping In California - Songs From Echo Zoo - EP
James Eleganz - Lasso the Moon - The Only One
Farees - Y'all Don't Know What's Goin On (feat. Calexico) - Border Patrol Alternative

Musek

Episoden

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow

The New Tradition

Spannend Kollaboratiounen tëschent Museker aus verschiddene Kulturen, eng Stëmm voll Kraaft vum zäitgenëssesche britteschen R&B an e Retour a vergaangen Zäiten.
headphones

55 min

play_arrow