Radioen

On air

Thé Dansant  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Universal Stories

Universal Stories

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Den amerikanesche Museker Damien Jurado erzielt op sengem neien Album "The Monster Who Hated Pennsylvania" zéng Geschichte vu Mënschen, déi fest decidéiert sinn, trotz schwieregen Ëmstänn, sech net ënner kréien ze loossen.

Lidder iwwer d'Léift, d'Liewen, Alkohol an alles dertëschent, dat ass den Inhalt vum Album "Friends in High Places" vum Turner Cody, dee seng Wallissen zu New York niddergesat huet. Do huet hien Enn den 90er säi Songwriting ausgefeilt an der Zeen vum Anti-Folk. Den Turner Cody an den Nicolas Michaux si sech am Kanada iwwer de Wee gelaf an hu sech e puer Joer drop zu Bréissel erëmfonnt, fir deen neien Album vum Turner Cody anzespillen, dee vum Nicolas Michaux produzéiert ass.

E Wüüsten-Blues vum Feinsten léist de Samba Toure erkléngen, dat kënnt och net vun ongeféier, hien huet e puer Joer op der Säit vum Ali Farka Toure verbruecht.

De Loran Velia ass eng vu den Decouvertë vun dëser Woch am Beräich vum Maloya, héich interessant!

Ganz roueg a laid back, e schéint Zesummespill tëschent dem Piano, der Kora an der Stëmm, zesummegehalen duerch fei Perkussiounen, dat léist den Album "Suba" vun Omar Sosa & Seckou Keita erkléngen.

Den Duo Abraham Fogg experimentéiert mam Elektro grad esou wéi mat de mysteschen Klimate vun engem Arvo Pärt.

"Le Vol des Sorcières" ass och den Titel vun engem Film an den éischten Deel vun engem Court-Metrage an zwee Deeler: "Metamorphosis", iwwer d'Liewen an d'Aarbecht vum zäitgenëssesche Kënschtler Olivier de Sagazan.

De Paräisser Klarinettiste Yom, deen dauernd nei Ästheetiken erfuerscht, huet de Besoin Musek a Spiritualitéit mateneen ze verbannen, op der Sich no Universalitéit.

Engagéiert géint de Rassismus ass den Ausdrock vum Joseph Malik, an hie weess vu wat hie schwätzt ...

Playlist:


Damien Jurado - Dawn Pretend - The Monster Who Hated Pennsylvania
Turner Cody & The Soldiers Of Love - Lonely Days in Hollywood - Friends in High Places
Tex Perkins & The Fat Rubber Band - Place In the Sun - Tex Perkins & the Fat Rubber Band
Twan Tee & Oddy - On the Road (feat. Loïs Daïri) - Twan Tee Meets Oddy
Samba Touré - Fondo - Binga
Laurent Garnier & The Limiñanas- Saul - De Película
loran Velia - Mon gaté - Seksion Maloya
Omar Sosa & Seckou Keita - Voices on the Sea - Suba
Yom - Celebration - Celebration
Abraham Fogg - Le Vol des Sorcières/Single
Maryam Chemirani, Sylvain Barou, Bijan Chemirani & Keyvan Chemirani - Bâman Sanamâ - Hâl. Ballades Amoureuses
Joseph Malik - Strange New Places (feat. Lynzie Dray) - Diverse, Pt. 3
Sam Evian - Lonely Days - Time to Melt

Musek

Episoden

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow

The New Tradition

Spannend Kollaboratiounen tëschent Museker aus verschiddene Kulturen, eng Stëmm voll Kraaft vum zäitgenëssesche britteschen R&B an e Retour a vergaangen Zäiten.
headphones

55 min

play_arrow