Radioen

On air

Kultur am Gespréich  |  Dat blot Wonner wärend der bloer Stonn erliewen?

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Stevie Wonder - Pastime Paradise

Stevie Wonder - Pastime Paradise

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Lidd vun engem vum Bobby Bieles senge musikaleschen Helden, an zwar de Stevie Wonder, koum 1976 um Label Tamla Records eraus, dat ass eng Subdivisioun vu Motown Records. De Wonder ass en onvergläichlechen amerikaneschen Kënschtler, e musikalesche Genie. Hien ass 1950 gebuer an huet mat véier Joer ugefaange mat Sangen. Mat eelef huet hie säin éischte Kontrakt bei Motown ënnerschriwwen a bis 21 all seng Musek bei hinnen erausbruecht. No Motown fänkt hien e bëssen en zweeten Deel vu senger Karriär un. Hien ass erwuessen a mécht méi engagéiert Lidder. Hie verléiert ni säin Optimismus, souguer wann hien iwwer seriö Theeme schwätzt, wéi gesellschaftlech Ongerechtegkeeten oder Rassismus. Virun dësem duebelen Album "Songs in the Key of Life" hat hie schonn op aner Albume wéi zum Beispill "Talkin Book" oder "Innervisions" alles erreecht. D'Kritik an de Publikum si sech eens, datt seng Karriär bis dohin e Sans faute war. Och fir dësen 18. Album mécht hien alles richteg: säi Stil ass Genre-iwwergräifend, hien mëscht hei Elementer vu Soul, Funk oder souguer Rock zesummen. Hien ass och ee vun den éischten, deen aktiv de Synthesizer mat Goût a Finess reegelméisseg a seng Lidder abaut, wéi zum Beispill op "Pastime Paradise".

Déi bekanntst Utilisatioun vun dësem Sample ass warscheinlech um Coolio sengem "Gangsta's Paradise (featuring L.V.)" vun 1995. No sengem éischter positiven an uptempo éischten Album, kënnt Coolio 1995 mat méi düstere Melodien zeréck. De ganzen Album passt insgesamt gutt a seng Zäit, mee dëst Lidd gëtt e Welt-Phenomeen - och doduerch, datt et fir de Film "Dangerous Minds" benotzt gëtt. Hie spillt hei dem Wonder seng Melodie zimmlech trei um Synth no, gëtt deem Ganzen awer eng méi düster Stëmmung. Et gëtt den Hit vum Summer '95.

Mee déi franséisch Grupp IAM hat de Sample scho virdrun benotzt, an zwar um Lidd "Tam-Tam de l'Afrique", ze fannen op hirem éischten Album "... De la planète Mars", 1991 bei Hostile erauskomm. Et ass e Solo Lidd vum Rapper Shurikn, den Akhenaton ass just als Schauspiller am Clip ze gesinn. IAM kommen aus Marseille, hire Produzent heescht Kheops an am engagéierten Text geet et gréissten Deels ëm Sklaverei a Kolonisatioun, dohier och den Titel.

D'Grupp Cru huet de Sample och benotzt, an zwar op hirem Lidd "Up North". Dat war op hirem zimmlech düsteren Album "Da Dirty 30", deen 1997 op Def Jam Recordings erauskoum. Hire Producer heescht Yogi an déi zwee Rapper Chaddio a The Mighty Ha. Et ass deen éischten an eenzegen Album vun dëser Rap Grupp aus der Bronx.

Musek

Episoden

Kalyanji Anandji - Dharmatma Theme Music

Kalyanji Anandji - Dharmatma Theme Music

Mir sinn nees am Bollywood vun de 70er Joren a schwätzen iwwer d'Musek vum Film "Dharmatma".
headphones

8 min

play_arrow
Arawak - Accadde A Bali

Arawak - Accadde A Bali

Arawak ass en italieenesche Museksprojet vum verstuerwene Benito Simoncini, en italieenesche Pianist, Arrangeur an Dirigent, a Komponist fir Radio an Televisioun.
headphones

6 min

play_arrow
Roy Ayers - The Memory

Roy Ayers - The Memory

De Roy Ayers ass ee vun de bekanntste Vibrafonisten zanter den 1960er Joren. Säi Ruff ass dee vun engem Prophéit vum Jazz-Funk an Acid Jazz, e Mann, Jore viru senger Zäit.
headphones

8 min

play_arrow
Incredible Bongo Band - Apache

Incredible Bongo Band - Apache

Niewent dem Think-Break an dem Amen-Break, ass den Apache-Break eng vun den beléiftste Perkussiounen am Hip-Hop.
headphones

9 min

play_arrow
Donald Byrd - Wind Parade

Donald Byrd - Wind Parade

Den Donald Byrd gouf als ee vun de beschten Trompettisten vu senger Zäit ugesinn. Vu Mëtt de 50er bis Mëtt 60er huet hie vill opgeholl, meeschtens fir Blue Note.
headphones

10 min

play_arrow
Deniece Williams - Free

Deniece Williams - Free

Der Deniece Williams hir véier-Oktaven-Sopranstëmm huet si zu engem vun de markantsten Talenter vun der Soul Ära gemaach.
headphones

10 min

play_arrow
Earth, Wind and Fire - Shining Star

Earth, Wind and Fire - Shining Star

"That's the Way of the World"ass dee sechste Studioalbum vun der amerikanescher Band an och de Soundtrack vum Film mam selwechten Numm.
headphones

4 min

play_arrow
Sly & the Family Stone - Sing a Simple Song

Sly & the Family Stone - Sing a Simple Song

Ee vun de bekanntste Breaks, déi am Hip-Hop gesampelt goufen: op ganze 462 Lidder.
headphones

11 min

play_arrow
Dorothy Ashby - The Windmills of your Mind

Dorothy Ashby - The Windmills of your Mind

Dëst Lidd war ursprénglech eng franséisch Chanson vum Michel Legrand an huet "Les moulins de mon cœur" geheescht. Et gouf vu villen Artiste gecovert.
headphones

7 min

play_arrow
Herbie Hancock - Watermelon Man

Herbie Hancock - Watermelon Man

Dem Hancock seng 12. LP (1972) brécht d'Barriären tëschent Jazz, Funk a Rock, bréngt den Jazz-Fusion Genre an den Mainstream a säi kënschtlereschen a kommerziellen Duerchbroch.
headphones

10 min

play_arrow
The Jimmy Castor Bunch - It's Just Begun

The Jimmy Castor Bunch - It's Just Begun

Den James Walter Castor war en amerikanesche Funk-, R&B- a Soulmuseker, Singer/Songwriter a Saxofonist, deen zu Manhattan, New York gebuer ass.
headphones

8 min

play_arrow
Curtis Mayfield - Move On Up

Curtis Mayfield - Move On Up

D'Lidd vun 1970, ronn néng Minutte laang, war ursprénglech kee mega Hit, mee gouf mat de Jore méi bekannt.
headphones

13 min

play_arrow
Shocking Blue - Love Buzz

Shocking Blue - Love Buzz

Shocking Blue, en hollännesche Quartett, war eng erfollegräich psychedelesch Rock-Grupp an de 70er an hunn iwwer zéng Millioune Placken insgesamt verkaf.
headphones

7 min

play_arrow
Teena Marie - Square Biz

Teena Marie - Square Biz

D'Teena Marie war eng amerikanesch Singer-Songwriterin, déi vun 1956 bis 2010 gelieft huet. Si hat grousse Succès a gouf och "The Ivory Queen of Soul" genannt.
headphones

24 min

play_arrow
Billy Squier - The Big Beat

Billy Squier - The Big Beat

Dräi Albume vum amerikanesche Rockmuseker, Joergank 1950, waren an den 80er an den amerikaneschen Top 10 Charts, an hien huet och e puer Hitsingelen erausbruecht.
headphones

8 min

play_arrow
Jean-Luc Ponty - Farewell

Jean-Luc Ponty - Farewell

De franséische Museker, 1942 an der Normandie gebuer, spillt fréi am Philharmoneschen Orchester zu Paräis, éier hie seng Gei a verschiddenen Jazz Bands integréiert.
headphones

6 min

play_arrow
David Bowie - Let's Dance

David Bowie - Let's Dance

Den David Bowie ass ee vun de berüümtste Museker vum 20. Joerhonnert mat iwwer 100 Millioune verkaaften Albumen. "Let's Dance", säi 15. Album, kënnt 1983 eraus.
headphones

11 min

play_arrow
The Beatles - Glass Onion

The Beatles - Glass Onion

Jiddweree kennt de Beatles hire "White Album". Vill Leit kennen dem Jay-Z säi "Black Album". Wat kënnt eraus, wann ee Schwaarz a Wäiss mëscht? Gro natierlech.
headphones

6 min

play_arrow
Heatwave - The Star of a Story

Heatwave - The Star of a Story

Heatwave war eng Funk-Disco Band, déi 1975 entstanen ass. "The Star Of A Story" ass op hirem zweeten Album "Central Heating".
headphones

9 min

play_arrow
Skull Snaps - It's a New Day

Skull Snaps - It's a New Day

Eng legendären a recherchéiert Funk Plack, deen éischten an eenzegen Album vum enigmatesche Funk Trio Skull Snaps
headphones

7 min

play_arrow