Retromania
Gustav Gründgens: "Ein Mitmacher, der nicht mitmachte"
9 min

De Gustav Gründgens gëllt op där enger Säit als ee vun de groussen a bedeitenden däitschen Theater- a Filmacteuren, mee op där anerer Säit ass hien awer och ee vun de kontestéiertsten däitsche Kënschtler, besonnesch wéinst senger Roll an der Zäit vum Nazi-Regimm an Däitschland.
An där Zäit, méi prezis 1941, hat de Gründgens och säi gréisste perséinleche Succès, an zwar an der Interpretatioun vum Mephisto am Goethe sengem “Faust”.
De Gustav Gründgens war an den 1930er Joeren ee vun de stäerksten artisteschen Instrumenter vum Hitler senger Muecht, an nodeems d’Nazien no 1933 d’Soen an Däitschland kritt hunn, gouf de Gründgens duerch de Nazi-Regimm am allgemengen, mee besonnesch och duerch den Herrmann Göring Generalintendant vum bedeitendsten däitschen Theater, dem Preusseschen Staatstheater zu Berlin. Hien huet dës Plaz och bis 1944, bal bis un d’Enn vum Krich, behalen.
De Gustav Gründgens war de Prototyp vum Intellektuellen, dee sech selwer a seng Karriär iwwer all Prinzippie gestallt huet, och wann dat geheescht huet, e Monster oder e mäerderesche Regimm ze ënnerstëtzen.
Iwwer seng artistesch Roll an der Nazi-Zäit huet emol eng däitsch Zeitung dëse Saz geschriwwen: “Gustav Gründgens, war ein Mitmacher, der nicht mitmachte”, dat heescht, hien huet net bei de Verbrieche vun den Nazie matgemaach, vläicht net physesch, mee awer intellektuell.
Presentateur
- Jean-Claude Majerus
Episoden

Marcel Reich-Ranicki: "Ich nehme den Preis nicht an"
De polnesch-däitsche Literaturpoopst ass virun zéng Joer gestuerwen. An hien huet 2008 mam Refus vum Däitschen Televisiounspräis Televisioungeschicht geschriwwen.

Romy Schneider: E Liewen tëschent Succès an Tragedie
D'Actrice Romy Schneider gouf den 23. September 2023, haut virun 85 Joer, zu Wien gebuer. Si ass awer schonn de 22. Mee 1982 am Alter vu 44 Joer gestuerwen.

Maurice Chevalier: Den Artist mam Canotier
De franséischen Acteur a Chansonnier Maurice Chevalier ass och haut nach Synonym vum franséische Charme.
Jürgen Gosch: Säin Theater huet polariséiert a provozéiert
De Jürgen Gosch, deen haut 80 Joer géif kréien, war ee vun de wichtegste Regisseure vum zäitgenësseschen däitschsproochegen Theater.
Karl Lagerfeld: Seng wichtegst Kreatioun war hie selwer
D'Haute Couture feiert ee vun hire groussen Moudedesigner: De Karl Lagerfeld kréich iwwermuer 90 Joer, hien ass den 19. September 2019 mat 86 Joer gestuerwen.

Eiger-Nordwand: Iwwer d'Mordwand op de Sommet vum Eiger
Viru 85 Joer, am Juli 1938, gouf d'Eiger-Nordwand déi éischte Kéier vun zwee däitschen an zwee éisträicheschen Alpiniste bezwongen.

Eiger-Nordwand: Iwwer d'Mordwand op de Sommet vum Eiger
Viru 85 Joer, am Juli 1938, gouf d'Eiger-Nordwand déi éischte Kéier vun zwee däitschen an zwee éisträicheschen Alpiniste bezwongen.

Mona Lisa: De Mythos ronderëm d'Schéinheet aus dem Louvre
Dem Leonardo Da Vinci säi Portrait vun der Mona Lisa gouf am Joer 1503 realiséiert virun ëmmerhi scho 520 Joer, an en huet näischt vu sengem Mythos verluer.

Kenzo Tange: E vun de populäertsen Architekte vun der moderner Zäit
De japaneschen Architekt ass haut virun 110 Joer gebuer, hien ass den 22. September 2005 am Alter vun 91 Joer gestuerwen.

Kenzo Tange: E vun de populäertsen Architekte vun der moderner Zäit
De japaneschen Architekt ass haut virun 110 Joer gebuer, hien ass den 22. September 2005 am Alter vun 91 Joer gestuerwen.

Charles Bronson: De legendären "Tough Guy"
De Prototyp vum raue Kärel aus der Dramfabrick Hollywood ass den 30. August 2003 zu Los Angeles gestuerwen. Seng lescht Joren waren duerch d'Alzheimerkrankheet gezeechent.

De Stockholm Sydrom: Symphatie tëschent Täter an Affer
1973 gouf bei enger Geiselnam a Schweden e Phenomeen observéiert, deen haut an der Psychiatrie Stockholm Syndrom genannt gëtt.

De Stockholm Sydrom: Symphatie tëschent Täter an Affer
1973 gouf bei enger Geiselnam a Schweden e Phenomeen observéiert, deen haut an der Psychiatrie Stockholm Syndrom genannt gëtt.

Georges Braque: Ee vun de Pappe vum Kubismus
De Moler, Grafiker a Sculpteur, deen och Affinitéiten zum Fauvismus hat, ass haut viru 60 Joer, den 31. August gestuerwen.