Retromania
Marc Oinger: E Pilier vum Theater zu Lëtzebuerg
13 min
De Marc Olinger war e Mënsch, deen hei zu Lëtzebuerg den Theater wéi kaum en anere markéiert huet. An dat net nëmmen duerch seng artistesch Kompetenzen, mee och am administrativen Theaterberäich, duerch seng Fonctioun als Direkter vum Kapuzinertheater. 25 Joer laang stoung hien un der Spëtz vum Kapuziner, sécher eng Guiness-Buch-räif Leeschtung. 2010 goung de Marc Olinger an d’Pensioun. Leider vill ze fréi ass den Olingesch Marc dunn den 8. Januar 2015, virun 10 Joer, grad emol 2 Deeg no sengem 69. Gebuertsdag, zu Lyon gestuerwen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus