Déi schweedesch Schrëftstellerin Astrid Lindgren ass déi literaresch Mamm vum wuel berüümtste Meedche vun der Welt: Pippi Langstrumpf!
81 Joer sinn et hier, datt d’Astrid Lindgren d’Geschicht vum d’Meedche mat de Speechelen am Gesiicht an de rouden Trëtzen eng éischte Kéier opgeschriwwen huet, ganz ouni wëlle Schrëftstellerin ze ginn. D’Astrid Lindgren huet deemools hirem Meedche Karin, dat mat enger Longenentzündung am Bett louch, Geschichte ronderëm d’Pippi erzielt.
Der Astrid Lindgren hir Duechter gouf nees gesond, an d’Pippi Langstrumpf war bal vergiess, bis d’Schrëftstellerin selwer mat engem verstauchte Fouss eng Zäit am Bett louch, an dee Moment, am Mäerz 1944, ugefaangen huet, d’Geschichte vum Pippi opzeschreiwen a se ze dokumentéieren, an dat sinn elo 81 Joer hier.
Vläicht liest Dir jo doheem Äre Kanner haut eng Spiicht vum Pippi vir ...