D’Theaterstécker “Äddi Charel”, “Grouss Vakanz”, “Margréitchen”, “E Stéck Streisel”, “Léiwe Kleeschen” “Kiischtebléien” “Fënsterdall” oder d’Prosa “Mäi Frënd Benn” grad wéi de “Monni aus Amerika” sinn alles Wierker aus der Fieder vum Acteur an Auteur Pol Greisch, déi d’Lëtzebuerger Kultur markéiert hunn.
De Pol Greisch, an net ze vergiessen och seng verstuerwe Fra d’Juliette Francois, dat war e Liewen op a fir d’Theaterbün.
An dat gouf och honoréiert mam Batty Weber Präis an direkt zweemol mam Servais-Präis.
De Pol Greisch krut de leschten Dënschdeg, 8. Abrëll, 95 Joer. An et ass kloer an dat passt och bei dem Pol Greisch seng bescheide Manéier, hien huet esou Festivitéiten net gär: Mee awer all Guddes Pol vum Jean Claude Majerus an de radio 100,7 schléisst sech de Gléckwënsch fir dëse ronne Gebuertsdag vum Pol Greisch un.