Viru 50 Joer, de 25. Abrëll 1975, krut déi franséisch Musekswelt e Schock: déi franséisch Chanson huet ee vu senge Stären a grousse Vedettë vun deem Ament verluer. Den absolutte Libling vun der Fraewelt huet sech op deem Dag d’Liewe geholl: de Mike Brant ass vun der Terrass vun engem Appartement gesprongen an op der Plaz gestuerwen, hien hat grad emol 28 Joer.
Dem Idol mat dem markante Laachen an där aussergewéinleche Stëmm seng kuerz erfollegräich Karriär war domadder eriwwer a mat him ass eng vun de markantste Figure vun den 1970er verschwonnen. Op der Bün war hie wéi e Stär, dee geblénkt huet, mee am Liewe sollt säi Succès hien zerbriechen. De Jean Claude Majerus erënnert un de Sänger, deem seng melancholesch kitscheg Lidder bis haut nach ëmmer gelauschtert ginn.