Retromania
Samuel Beckett: Dee groussen Dramatiker mat senger knapper Sprooch
“Waiting for Godot”, “En attendant Godot” oder och nach “Warten auf Godot” ass an 3 verschiddene Sproochen den Titel vum Theaterstéck, beim deem engem nëmmen den Numm vum Samuel Beckett an de Kapp kënnt.
“Waitung for Godot” ass dem Beckett säi bekanntste Wierk, mee och aner Stécker wéi “Endgame”, oder “Eleutheria” si Wierker, déi déi modern Theaterliteratur decisiv beaflosst hunn.
Deen ireschen Dramatiker a Literaturnobelpräislaureat Samuel Beckett ass ee vun den Haaptvertrieder vum absurden Theater.
De Lëtzebuerger Auteur a Kulturmënsch Guy Wagner, deen de 17. Mee 2016 gestuerwen ass, hat viru laange Joren de Schratt gemaach de Samuel Beckett seng Theaterstécker an d‘Lëtzebuerger Sprooch ze iwwerdroen, wat him och op eng impressionant Manéier gelongen ass.
Deen ireschen Auteur Samuel Beckett ass viru 35 Joer, den 22. Dezember 1989 zu Paräis gestuerwen. De Jean Claude Majerus erënnert un dëse groussen Dramatiker mat senger knapper Sprooch.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus