Retromania
Albert Camus: De Philosoph vum Existenzialismus
Dee franséische Schrëftsteller a Journalist Albert Camus huet vun den 1930er Joren u bis zu sengem Doud dat literarescht a kulturellt Liewen a Frankräich an doriwwer eraus markéiert.
Hien ass de Createur vu literaresche Meeschterwierker wéi “La Peste”, “L’étranger” oder “L’homme revolté”.
1957 krut den Albert Camus och fir säin erzielerescht, dramaturgescht, philosophescht a publizistescht Gesamtwierk de Literaturnobelpräis.
Haut op den Dag (4.1.) viru 50 Joer, de 4. Januar 1960, koum den Albert Camus op eng, fir eent vu senge Wierder ze brauche, absurd Manéier, ëm d‘Liewen.
De Jean Claude Majerus iwwer dëse grousse Literat a bedeitende Vertrieder vun der Philosophie vum Existenzialismus.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus