arrow_back_ios

Retromania

100komma7.lu / Retromania

/ Bob Seger: Dee symphatesche Musker mat der rauer Stëmm

Bob Seger: Dee symphatesche Musker mat der rauer Stëmm

Lauschteren play_arrow
headphones

11 min

“Old Time Rock’n’Roll”, “Against the Wind”, “We’ve Got Tonight” oder och nach “Fire Lake”, dat sinn Titele vum amerikanesche Museker Bob Seger mat deenen hien op der ganzer Welt bekannt gouf.

Och wann de Bob Seger d’Musekszeen duerch säin dach haarde Rock markéiert huet, hat hie selwer Ballade léiwer, well hie mat enger Ballad méi ausdrécke konnt, wéi mat rockege Rhythmen.

De Bob Seger huet eng Onmass Platin-Placke kritt, hien hat 19 Top-40-Singelen, bei senger Tour 1996 goufen iwwer 1 Millioun Tickete verkaf, a bis ewell si wäit iwwer 50 Milliounen Diske vum Bob Seger weltwäit iwwer d’Buttekstéike gaangen.

De Bob Seger ass e Mënsch, deen trotz sengem Succès ni vergiess huet, wou en hierkoum, a stoung a steet nach ëmmer mat zwee Féiss um Bueden an huet ni ofgehuewen. Genee dat mécht hien och esou sympathesch.

De 6. Mee krut deen amerikanesche Museker a Sänger mat der aussergewéinlecher Stëmm 80 Joer.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Klaus Kinski: Genialitéit an Egozentrik

De cholerschen an egozentreschen däitschen Acteur Klaus Kinski ass virun 100 Joer gebeur ginn.
headphones

10 min

play_arrow

Paul Simon: Roueg Kläng a musiklaesch Präzisioun

De Museker a Songwriter Paul Simon kritt den 13 Oktober 85 Joer.
headphones

10 min

play_arrow

Sting: Seng Lidder sinn onvergänglech poetesch Miniaturen

De brittesche Museker Sting huet gëschter 75 Joer a kënnt haut am jean Claude Majerus sengem Retromania zu Eieren
headphones

10 min

play_arrow

Die Biene Maja: Eng Bei déi Televisiounsgeschicht geschriwwen huet

Fir 50 Joer ass déi kleng, giel-schwaarz a virwëtzeg Bei "BIene Maja" eng éischter Kéier op der däitscher televisioun gewise ginn.
headphones

9 min

play_arrow

Henri de Toulouse-Lautrec: Montmartre war säin Doheem a säin Liewen

De Moler Toulouse Lautrec ass virun 125 Joer am Alter vun nëmmen 37 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow

Freddie Mercury: Eng Naturgewalt op der Bün

De leschte Samschdeg hätt den emblematesche Freddie Mercury Frontmann vun der Rockformatioun Queen 80 Joer kritt. Hien ass awer de 24. November 1991 mat 45 Joer un AIDS gestuerwen
headphones

10 min

play_arrow

Philippe Leotard: Schauspiller, Sänger a Poet

Den franséischen Acteur, Sänger an Poet Philippe Leotard ass viru 25 Joer gestuerwen, de Jean Claude Majerus erënnert am Retromania un dësen aussergewéinlechen Kënschtler.
headphones

9 min

play_arrow

Charlie Watts. Dee Rouegen vun de Rolling Stones

De Charlie Watts, de Batteur vun de legendäre Rolliong Stones ass de24 August 2021, viru 5 Joer gestuerwe.n.
headphones

10 min

play_arrow

Bertolt Brecht: De Papp vum epeschen Theater

De 14. August 1956, viru 70 Joer, ass de groussen däitschen Dramatiker a Lyriker Bertolt Brecht zu Berlin gestuerwen.
headphones

12 min

play_arrow

headphones

6 min

play_arrow

Viru 60 Joer gouf d'Legend vum Wembley Goal gebuer

Virgëschter (30.7.) waren et 60 Joer, datt bei der Fussball-WM 1966 an England dee wetlberüümten Wembley Goal geschoss gouf.
headphones

11 min

play_arrow

George Bernard Shaw: De Literaturnobelpräis an en Oscar

Muer sinn et 170 Joer, datt ee vun de groussen engleschsproochegen Dramatiker op d’Welt koum.
headphones

8 min

play_arrow

"Moby Dick": E Meeschterwierk aus der Filmgeschicht kritt 70 Joer

Viru 70 Joer ass déi bekanntste Versioun vum Herman Melville sengem Roman vum amerikanesche Realisateur John Huston fir d’éischte Kéier iwwer de groussen Ecran geflimmert.
headphones

8 min

play_arrow

Louis Armstrong: De mënschlechen Jazzmuseker

Ee Joerhonnertmuseker, deen den Jazz markéiert huet, ass de 6. Juli viru 55 Joer gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow

Jim Morrison: Rebell a Rockpoet

De charismatesche Sänger vu The Doors ass gëschter viru 55 Joer, den 3. Juli 1971 zu Paräis gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow

Zarah Leander: Eng Ikon vum nationalsozialistesche Film

Déi schweedesch Actrice a Sängerin Zarah Leander, eng vun de komplexsten an ëmstriddensten Divae vum 20. Joerhonnert ass viru 45 Joer gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow

John Lee Hooker: Eng Blues-Legend

Den amerikanesche Blues-Gittarist a Bluessänger John Lee Hooker ass viru 25 Joer gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow

Benny Goodman: De King of Swing

Et sinn ewell scho 40 Joer hier, datt dee visionäre Museker gestuerwen ass.
headphones

9 min

play_arrow

Marilyn Monroe: Eng Fra, déi vill beweegt huet

D'Marilyn Monroe koum den 1. Juni 1926, virun 100 Joer also, op d'Welt.
headphones

8 min

play_arrow

Miles Davis: E Gigant vum Jazz

De legendären Jazzmuseker Miles Davis koum de 26. Mee 1926 op d'Welt. Leschten Dënschdeg gouf op ville Plazen un dem Ausnamemuseker säi Centenaire geduecht.
headphones

9 min

play_arrow