arrow_back_ios
Biotop
Bongerten an Dréchemaueren
headphones
15 min
Lauschteren
play_arrow

Wann een esou duerch den Oste vum Ländchen fiert, falen engem eng Rei Landschaftselementer op. Laanscht d'Musel an d'Sauer sinn dat virun allem d’Bongerten an d'Dréchemaueren. Mam Marc Thiel vum Sias
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet
Ëmwelt
mic_none
Presentateur
- Angie Maquil
Episoden

De Bam an d'Gewan an den Nationalen Dag vum Bam
Struktur-Elementer an der Landschaft spillen eng wichteg Roll fir d‘Déierewelt a sinn dofir och en zentraalt Element.

Den Naturschutzzenter Mirador zu Stengefort
"Eng aner Siicht op d'Natur“

Wanterporetten
D’Wanterporett ass ee ganz gesond Geméis, wat een iwwer de ganze Wanter frësch aus sengem eegene Gaart oder aus dem Geméisrayon kann iessen.

2000 m2 fir eis Ernährung, alternativ Weeër fir d‘Landwirtschaft zu Lëtzebuerg
Mam Projet gëtt probéiert, Iessgewunnechten, de Verbrauch vu landwirtschaftlecher Fläch an den Ëmweltschutz de Leit méi no ze bréngen.

Den Naturschutzzentrum Burfelt zu Ënsber
Natur all inclusiv

Häckselen, eng wäertvoll Aarbecht am Gaart
Et ass d’Saison vum Bam- an Heckenschnëtt. Den Offall kann een duerch selwer Häckselen erëm am eegene Gaart verwäerten, wat ekologisch, bëlleg a praktesch ass.

Den Naturschutzzentrum A Wiewesch
D’Naturverwaltung huet fënnef Naturschutzzenteren am Land, een dervun stelle mer vir an dofir geet et op Manternach.

Euro BirdWatchday
Zanter 1993 bedeelegt sech d’Natur- a Vulleschutzliga um EuroBirdwatch Day. Dëst Joer, de Weekend vum 30.09. an 1.10.2023 zu Rëmerschen, zu Iwwersiren an zu Wëntger

Hierschtblummen
Colchique, Autumn crocus: Wann de Summer eriwwer ass, maache si sech breet.

Fiichtgebidder - Eng zweet Chance fir en existenzielle Liewensraum
Fiichtgebidder spillen eng wichteg Roll als Ökosystem fir eng grouss Unzuel an Déieren a Planzen, mee och am Klimaschutz an als Waasserspäicher.

Fit an aktiv am Gaart schaffen
Am Gaart schaffen ass ganz gutt fir d'Gesondheet, mee et sollt een op e puer Saachen oppassen.

Nätzen: Waasser spueren, awer d'Planze gutt versuergen
D'Waasser ass eng kostbar Ressource, mee de Gaart an d'Planzen am Dëppe brauche Waasser.

E Gaart fir Bestëpser
Mir verwandelen de Gaart an en Insekteparadäis.

Permakultur: wat ass gemengt, wéi kann een et doheem ëmsetzen?
De Begrëff Permakultur setzt sech aus den Wierder "Permanent" an "Agrikultur" zesummen, wat näischt anescht heescht wéi konstant Bewirtschaftung.

Insektefrëndlech méie fir méi Biodiversitéit
Am Gras wunne vill kleng Krabbeldéieren, déi da leider beim Méien dout gemaach ginn, mee deem kann een entgéint wierken .

Aktioun Insektenzielen: Méi wéi Beien! Ziel mat!
Vum 9. bis den 18. Juni ginn Insekten gezielt, doheem am Gaart, um Balcon oder am Bongert.

Blummewiss
Voller Liewen, schéin ze kucken a wéineg Aarbecht, dat ass eng Blummewiss am eegene Gaart.

Krunnewaasser oder Fläschewaasser?
Tipps dozou ginn et vun der Marianne Kollmesch, Vertriederin vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg.

D'Vullelberéngungsstatiounen zu Lëtzebuerg
Déi einheimesch Villercher besser kenneléieren.

Mëschkulturen am Gaart
Mëschkultur am Geméisgaart: e Mix vu Planzen, Kraider a Blummen

Eng wichteg Roll am Ekosystem
Sechs onbeléiften Déieren, déi d'Leit dacks nerven, awer ganz nëtzlech sinn: de Kueb, d'Dauf, d'Spann, d'Harespel, de Maulef an d'Flantermaus.

D'Harespele (k)eng Plo
Harespelen hunn e schlechten Numm, och wann dat net berechtegt ass.

Uleeën a flege vun engem Hochbeet
Fir en Hochbeet unzeleeën ass elo déi beschten Zäit. Fir unzefänke soll een Tomaten, Poretten a Kornischonge planzen.

Carbon Footprint
Carbon Footprint - CO2-Foussofdrock - mir komme net derlaanscht!

D'Gesondheet vun de Bëscher
Den Internationalen Dag vum Bësch (21. Mäerz) gëtt duerch d'Klimakris ëmmer méi wichteg

Gromperen an alle Gréissten a Faarwen
Elo gëllt et mat de Preparatiounen am Gaart unzefänken, wann een am Juni/Juli eng gutt Recolte wëll hunn

GUTT GESCHIER - eng Toolothéik
Eng flott Initiativ, bei där een esouwuel als Privatpersoun wéi och als Associatioun all méiglech Handwierksgeschier gratis ausléine kann.
