Aus dem Liewen
BEE SECURE Helpline
5 min
CSAM Cyber Security Asset Management
Wéi kënnen Eltere Kanner besser an der digitaler Welt schützen? 2022 koume ronn 4.400 Meldunge bei der BEE SECURE Stopline eran, 2023 gouf schonn iwwer 8.600 Mol Material gemellt mat Biller a Contenuen, déi och Mëssbrauch u Kanner a Jonke weisen. Et goufen 2023 also bal duebelt esou vill Fäll gemellt wéi nach 2022.
Als Elteren ass et och ganz wichteg, d‘Privatsphär vun den eegene Kanner iwwer de Besoin ze stellen, fir zum Beispill Familljemomenter a Form vu Fotoen op de soziale Medien ze deelen. Éier een eng Foto oder Video vu sengem Kand post, soll ee sech also d‘Fro stellen: Kann dës Foto mengem Kand elo oder an der Zukunft penibel sinn oder him schueden? Wat haut vläicht wéi eng léif Erënnerung ausgesäit, ka spéider zu enger Laascht fir d‘Kand ginn, wann d‘Foto zum Beispill zum Geck maachen oder Mobbing féiert oder vu Friemen a falsche Kontexter benotzt gëtt.
Explikatioune mam Jeff Kaufmann vu BEE SECURE (https://www.beesecure.lu/fr/news/proteger-les-enfants-doublement-de-cas-csam-signales-lan-dernier)
Presentéiert vum
- Angie Maquil