Et war eng Nouvelle, déi eng kollektiv Trauer am Land bruecht huet, den 23. Abrëll 2019 mat der Annonce vum Doud vum Grand Duc Jean am Alter vun 98 Joer.
E Méindeg elo gëtt nees un de Grand Duc Jean geduecht, de Prënz Jean koum nämlech de 5. Januar 1921 als eelste Fils vun der Groussherzogin Charlotte an dem Prënz Félix vu Bourbon-Parme op d’Welt, de Méindeg denke mir deemno un dem Grand Duc Jean säin 105. Anniversaire.
Deem fréiere Staatschef säi Liewe war vun Engagement, Déngscht un der Natioun an internationaler Presenz markéiert, mee awer och vu senge perséinlechen Erfarungen am Zweete Weltkrich, senger Roll bei der Moderniséierung vum Land bis bei seng sozial an humanitär Engagementer.
De Grand Duc Jean war Groussherzog, hie war Zaldot a virun allem och e Mënsch, dee Lëtzebuerg iwwer Joerzéngte markéiert huet, a mouvementéierten Zäite grad wéi an Zäite vu gesellschaftlechem Changement. Hie war e modeste Mënsch, dee bis haut eng Plaz an der Mémoire collective vum Lëtzebuerger Land huet.
De Jean Claude Majerus kuckt op d’Liewe vum beléifte Staatschef zeréck.