De Simon Wiesenthal war no der grujeleger Zéit vum Nationalsozialismus eng vun de wichtegste Stëmme géint d’Vergiessen an virun allem och datt d’Verbriecher hir d’Strof sollte kréien. Den éisträicheschen Holocaust-Iwwerliewenden huet säi ganz Liewe laang der Sich no Nazi-Verbriecher dediéiert an virun allem huet en den Affer vum Holocaust eng Stëmm ginn. De Wiesenthal deen och de „Sherlock Holmes vum Holocaust“ genannt gouf, war e Mënsch mat engem staarke Wëllen an enger Missioun, déi sengem Liewen en eenzegaartege Sënn ginn huet. De Simon Wiesenthal ass den 20 September 2005 hat virun 20 Joer am Alter vu 96 Joer gestuerwen an dofir erënnert de Jean Claude Majerus a sengem Retromania déi Kéier un deen aussergewéinleche Mënsch an u säi Liewenswierk.
De Simon Wiesenthal huet ëmmer gesot “Gerechtegkeet, keng Revanche”, hie wollt erënneren an och d’Verbriecher mam Numm nennen datt d’Geschicht sech net widderhëlt. An och 20 Joer nom Simon Wiesenthal sengem Doud, ass nach ëmmer wichteg no ze lauschteren, aus der Vergaangenheet ze léieren an déi richteg Konsequenzen ze huelen, besonnesch wann ee kuckt wou d’Welt deelweis nees histeiert.