Dee britteschen Neurolog a Schrëftsteller Oliver Sacks gouf bekannt duerch seng populär-wëssenschaftlech Bicher, an deenen hie komplex Krankheeten unhand vu Beispiller aus dem Alldag an duerch säin anekdoteschen Erzielstil explizéiert huet.
Dem Oliver Sacks war et wichteg hanner der moderner Wëssenschaft de Mënsch net ze vergiessen, well hanner all Krankheet stéing och en individuellt Lous.
De Medezinner a Schrëftsteller ass den 30. August 2015 gestuerwen. D'Verfilmung vu sengem Buch “Awakenings“ mam Robert de Niro kann de Jean Claude Majerus Iech nëmmen un d‘Häerz leeën.