Den nächste Mëttwoch, 16. Juli, sinn et schonn 20 Joer hier, datt de Camillo Felgen oder einfach nëmme Camillo, ee vun de bekanntste Lëtzebuerger, am Alter vu 85 Joer gestuerwen ass. Mat him huet Lëtzebuerg deemools ee grousse Kënschtler a kulturellen Ambassadeur verluer.
De Camillo war e Multitalent: hie war Schoulmeeschter, Dolmetscher, Sänger, Songtexter, Radiosspriecher an Televisiounsmoderateur a war och wäit iwwer eis Grenzen eraus bekannt an hat grousse Succès. Besonnesch am Beräich Radio huet de Camillo a sengem Liewe Pionéieraarbecht geleescht, hie war nämlech de Grënner vun de “fröhlichen Wellen” vun RTL an huet souzesoen déi europäesch Versioun vun der Hitparad ageféiert.