De Malcolm X huet zu de Leadere vum US-amerikanesche Biergerrechtsmouvement gehéiert.
Dem Malcolm X seng Karriär huet als Kriminellen ugefaangen, se goung iwwert de Bäitrëtt bei den Islam bis eriwwer bei d’Grënnung vun der Organisatioun vun der afro-amerikanescher Unioun.
E Méindeg elo de 19. Mee, sinn et 100 Joer hir datt de Malcolm X zu Omaha am Nebraska op Welt koum, an e gouf den 21 Februar 1965, dat sinn ewell och 60 Joer hir, wou en Exposé zu Harlem wollt halen, erschoss. Vu wiem ass ni richteg gekläert ginn.
De Jean Claude Majerus erënnert déi Kéier a sengem Retromainia un dës Ikon vum amerikanesche Biergerrechtsmouvement.