Et ass engem deemools, den 31. Oktober 2002, schonn ënner d’Haut gaangen, wéi d’Nouvelle koum, datt dee beléifte Lëtzebuerger Acteur René Pütz am Alter vun nëmmen 62 Joer gestuerwe wier.
Mam René Pütz huet d’Lëtzebuerger Theaterzeen deemools ee vu senge populäerste Vertrieder verluer, e Schauspiller a Mënsch, deen an allen Ecke vum Land bekannt war an e Stéck Lëtzebuerger Theatergeschicht geschriwwen huet.
E Méindeg hätt de Pütze Ren, wéi e genannt gouf, 85 Joer kritt, a sécher en Dag, fir un hien ze denken.