Retromania
De "Band-AId"-Projet gouf viru 40 Joer lancéiert
“Feed The World, Let Them Know It’s Christmas Time At All”, dës Zeil aus dem Lidd “Do They Know It’s Christmas” huet villes a Beweegung gesat.
Dës Zeil steet fir eng aussergewéinlech Solidaritéit, déi Kënschtler a Kënschtlerinne gewisen hunn.
Viru 40 Joer war dëst Lidd eng éischte Kéier ëffentlech ze héieren, an der Suite dovu goufen um Enn iwwer 7 Milliounen Diske vum Lidd aus der Fieder vum Bob Geldorf a Midge Ure verkaf, an d‘Sue fir d’Leit, déi ënner enger extreemer Hongersnout an Äthiopie gelidden hunn, gesammelt.
Aus der Publikatioun vun dësem Disk eraus ass dunn de Projet Band Aid entstanen, an deem international Artisten an Artistinne sech fir Äthiopien engagéiert hunn.
Nächst Joer am Juli sinn et 40 Joer, datt dee Band Aid-Concert zu London an zu Philadelphia war a via Televisoun an déi ganz Welt iwwerdroe gouf. Vläicht souz Dir jo och op deem Samschdeg, 13. Juli 1985 virun der Tëlee an hutt mat ganz vill Emotiounen de Live-Aid-Concert gekuckt.
De Jean Claude Majerus iwwer deen aussergewéinlech solidaresche Mouvement vu virun 40 Joer.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus