De 27. Juni 2001 koum d’Nouvelle, datt den Acteur Jack Lemmon am Alter vu 76 Joer gestuerwe wier, wat deemools net nëmmen déi amerikanesch Filmwelt bouleverséiert huet. Mam Jack Lemmon war ee Weidere vun der aler Garde groussen Hollywoodacteuren a Komiker säi leschte Wee gaangen.
Den Jack Lemmon, dee mam richtegen Numm John Uhler Lemmon den Drëtte geheescht huet, war an iwwer 60 Filmer um groussen a klengen Ecran ze gesinn. Hien gouf ënner anerem zweemol mat engem Oscar belount fir seng Aarbecht.
Haut gëtt un dem Jack Lemmon säi Centenaire geduecht, deen amerikaneschen Acteur koum nämlech den 8. Februar 1925 op d’Welt komm. Den Jack Lemmon war ee vun den éischter rouegen Hollywood-Staren, an awer eng vun de grousse Figure vum Film.
De Jean Claude Majerus, deem besonnesch dem Film “The Odd Couple” mat Jack Lemmon a Walter Matthau gefall huet, erënnert un den Jack Lemmon.