Retromania
Henri Matisse: D'Faarf huet d'Haaptroll gespillt
7 min
Dee franséische Moler Henri Matisse gehéiert zu de bedeitendste Moler vun 20. Joerhonnert
Hien ass den 3. November 1954 zu Nice gestuerwen, dat gi muer 70 Joer, koum op Sylvester 1869 zu Le Cateau-Cambrésis an Nordfrankräich op Welt.
A sengem artistesche Wierk huet den Henri Matisse der Faarf dee selwechte Stellewäert ginn, déi d’Form bei de Kubisten hat. Doriwwer eraus war hien ee vun Haaptprotagoniste vum Fauvisme.
Aktuell kënnt Dir nach bis de 25. Januar dat anert Joer an der Fondation Beyeler zu Riehen bei Basel eng Ausstellung mam Titel “Matisse-Einladung zur Reise” gesinn. An no néidegen Aarbechten zanter Mee 2023, geet de Musée Henri Matisse zu Le Cateau-Cambrésis, dem Matisse senger Heemechtsstad, den 23. November dëst Joer nees fir de Publique op.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus