Retromania
Dräi Schrëftsteller an dräimol 95 Joer
15 min
Et ass schonn eng speziell November-Woch, viru 95 Joer: an där Woch koume bannent 3 Deeg, tëschent dem 9. an 12. November 3 grouss Schrëftsteller op Welt:
De Meeschter vun der fantastescher Literatur, deen Däitsche Michael Ende, hien hätt den nächsten Dënschdeg, 12. November säi 95 Anniversaire gefeiert, ass awer schonn 1995 gestuerwen.
E Méindeg, 11. November géif ee vun de bedeitendste Vertrieder vum literareschen Intellektualismus, den Hans Magnus Enzensberger, 95 Joer kréien, hien ass 2022 gestuerwen an haut (9.11.) wier de 95. Anniversaire vum ungaresche Schrëftsteller Imre Kertesz, deen iwweregens als éischten ungaresche Schrëftsteller 2002 de Literaturnobelpräis krut.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus