Retromania
Heidi Kabel: En Hamburger Original
7 min
Däitschland a besonnesch den Norde vun Däitschland war de 15. Juni 2010 am Trauer: déi wuel populäersten däitsch Vollekstheateractrice war am Alter vu 95 Joer gestuerwen.
D’Heidi Kabel gouf zu Hamburg gebuer gouf, an do ass si och gestuerwen, si ass Hamburg ëmmer trei bliwwen.
Déi lescht Jore vun hirem Liewe stoung d’Heidi Kabel net méi op der Bün, si hat hir Gedanken net méi ganz beieneen an huet an engem Fleegeheim zu Hamburg gelieft. Bis haut, och esou laang no hirem Doud, ass si an de Käpp vun de Leit present bliwwen. Si ass en “Hamburger Original”, en “Hamburger Deern”.
Haut (27.8.) gëtt bestëmmt an Däitschland a virun allem zu Hamburg un d’Heidi Kabel geduecht, déi beléiften Actrice, déi virun 110 Joer gebuer gouf.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus