"G.O.D. And The Broken Ribs" ass en neien Track vum Jack White, dee virun e puer Deeg erauskoum an dee gläich e puer Reflexiounen an de Raum stellt … eng onroueg Meditatioun iwwer d’Existenz.
"Honora", deen neien Album vum Flea, koum dëser Deeg via Nonesuch Records eraus. De Bassist vun de Red Hot Chili Peppers ass hei begleet vu modernen Jazz-Visionären. Mir héieren de Flea natierlech um Bass an elo och op der Trompett! "Honora" vereent eegen an och nei Kompositiounen ë. a vun George Clinton, Jimmy Webb & Frank Ocean. Zu de Special Guests zielen den Nick Cave & Thom Yorke.
Wärend eiser Etapp a Brasilie gëtt erënnert un de Pianist a Komponist Sérgio Mendes, eng legendär Figur an der Fusioun vun Jazz, Funk a Bossa Nova. Mir entdecken och déi brasilianesch Musek vun haut mam Toco, Museker a Produzent vun der hypnotescher Samba Noir.
D’Sandra Nkaké ass eng engagéiert Artistin fir Fraerechter. Si dréckt sech och aus géint de Kapitalismus an de Patriarchat, eng aussergewéinlech kraaftvoll Stëmm!
Den Ufank vum Tricky sengem "Come to Me" um Album "Mixed Race" fänkt mat engem verzerrte "Girl from Ipanema" un, evoluéiert dann awer ganz séier. Et ass eng melancholesch, nostalgesch Betruechtung vun enger intensiver Bezéiung. Et ass am allgemengen en intressanten Disk, dësen "Mixed Race" vum Tricky, dofir entdecke mir hei och nach "Hakim", e Stéck, dat opgeholl ass mam algeeresche Rai-Museker Hakim Hamadouche, an deem et ëm e Mann ouni Doheem geet …
Playlist:
01. Jack White - G.O.D. And The Broken Ribs - G.O.D. And The Broken Ribs / Derecho Demonico
02. Yannis & The Yaw - Walk Through Fire (feat. Tony Allen) - Lagos Paris London (feat. Tony Allen)
03. dEUS - Quatre Mains - Following Sea
04. Flea - Free As I Want to Be - Honora
05. Flea - Traffic Lights (feat. Thom Yorke)- Honora
06. Sandra Nkaké - I Miss My Land - Mansaadi
07. Toco - Samba Noir - Outro Lugar
08. Sérgio Mendes Trio - Reza - In the Brazilian Bag!
09. Tricky - Come to Me - Mixed Race
10. Tricky - Hakim - Mixed Race
11. Dandara & Chakib Bouzidi - Long Story Short - &Chakib
12. Worries And Other Plants - What Is It - Pieces - EP
13. Nightmares On Wax, Liam Bailey & Haile Supreme - Desire - Echo45 Sound System
14. David Walters & Keziah Jones - Kité Koulé - Single
15. Up, Bustle & Out - Coca Conga - Silks, Perfumes and Gold