Radioen

On air

Spektrum  |  The Japanese House - :)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Fernand Kartheiser

Den ADR Deputéierte kommentéiert de Koalitiounsaccord an déi zukünfteg ADR-Oppositiounsaarbecht.
Claude Wiseler

Claude Wiseler

De Claude Wiseler trëtt als CSV-Fraktiounschef zeréck. Wat ass seng Analys iwwer déi zukünfteg Regierung an d'CSV-Oppositioun?

Martina Holbach

D'Klimapolitik am Koalitiounsaccord, nei EU-Klimaziler an den UN-Klimasommet sinn d'Themen am Gespréich mat der Aktivistin vu Greenpeace.

Heinrich Kreft

Déi bilateral Relatiounen, déi regional Zesummenaarbecht an d'Roll vun Däitschland an Europa sinn Themen mam däitschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg.
Georges Mischo

Georges Mischo

De CSV-Buergermeeschter vun Esch an neien Deputéierten an der Chamber schwätzt iwwer seng politesch Aarbecht an d'Oppositioun vun der CSV.

Sven Clement

Wat bedeit d'Allianz mat der ADR an der Chamber fir d'Piratepartei? Den Deputéierten a President vun de Piraten erkläert.

Mylène Bianchy

D'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux kritiséiert d'Iddi vum gratis ëffentlechen Transport.

John Marshall

E Gespréich mam briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, zwee Deeg virum EU-Sommet iwwer de Brexit-Deal.

Vincent Reding

Als Éischtgewielte bei de Komplementarwahlen zu Weiler-la-Tour gëtt de 26 Joer ale CSV-Member viraussiichtlech den nächste Buergermeeschter.

René Schlechter

Mam Ombudsman fir d'Rechter vum Kand geet rieds iwwer déi wichtegst Recommandatioune am ORK-Rapport 2018.

Pit Buchler

200 Joer Collège médical. Mat sengem President geet Rieds iwwer d'Institutioun an iwwert d'Zukunft vun der Medezin a vum Gesondheetswiesen.

Dan Biancalana

De Buergermeeschter vun Diddeleng, nei-gewielten Deputéierten, ass ee vun deene Jonken, dee bei der personeller Erneierung vun der LSAP sécher eng Roll spillt.

Laurent Didier

De Cyclist zitt e Schlussstréch ënner seng Carrière als Profi: e Réckbléck.
Christian Oberlé

Christian Oberlé

E Gespréich mam neie President vun der CNS iwwer d'Erausfuerderunge vun der Gesondheetskeess

Guy Feyder

Déi konventionell Landwirtschaft stellt Fuerderungen un déi zukünfteg Regierung. De Vetrieder vun der Bauerenzentral erkläert d'Suerge vum Secteur.

Emile Eicher

Wat sinn d'Fuerderunge vum Syvikol un déi zukünfteg Regierung? Detailer mam President vum Gemengesyndikat.

Denis Scuto

Vrun 100 Joer goung den 1. Weltkrich op en Enn. Wéi ass et Lëtzebuerg a sengen Awunner deemools gaangen? D'Analys mam Historiker

Marc Baum

Mam Deputéierte vun déi Lénk geet rieds iwwer en (enttäuschend) Wahlresultat an iwwer d'Erwaardungen un déi nächst Regierung.
Romain Schmit

Romain Schmit

Mam Generalsekretär vun der Fédération des Artisans geet rieds iwwer d'Uleies, d'Wënsch, d'Fuederungen an .. d'Rosereie vum Handwierks-Patronat.

Romain Wolff

Am Gespréich mam CGFP-President geet et ëm d'Erwaardunge vun der Fonction Publique un déi nei Regierung.