Invité:e vum Dag
John Marshall
Exakt zéng Wochen nodeems den John Marshall dem Grand-Duc (am Abrëll 2016) seng "lettre de créance" als briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg ginn hat, hu seng Landsleit an der Heemecht zu 51,9 Prozent fir en Austrëtt aus der Europäescher Unioun gestëmmt. Zënterhier hält de Brexit Groussbritannien an Europa am selwechte Mooss an Otem. D'lescht Woch hunn d'Negociateure vu béide Säite sech op en Accord gëeenegt, deen d'Modalitéite vum Austrëtt reegelt. Iwwermuer soll deen Deal op engem EU-Sommet ofgeseent ginn, mee ob en duerno och den Accord vum britesche Parlament kritt, steet an de Stären.