Invité:e vum Dag
René Schlechter
Den Ombuds Comité fir d'Rechter vum Kand (kuerz: ORK) huet gëschter dem aktuelle Chamberspresident Gast Gibéryen säi Rapport 2018 iwwerreecht. All Joer kritt deen éischte Bierger vum Land ee vun den éischten Exemplairen, an domat ass de Rapport dann an der Ëffentlechkeet. Et dréit sech ëm en Dokument dëst Joer vu bal 200 Säiten - 130 Säite Rapport a 70 Säiten Annexen. Haaptsujet ass déi mental Gesondheet vu Kanner, Jugendlechen a Famillen. Iwwer d'Recommandatioune vum ORK an deem Kontext schwätzt de Maurice Molitor mam René Schlechter, dem President vun deem Ombuds Comité.