arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Laurent Didier
Den 21. Oktober ass de Laurent Didier seng lescht Course als Vëlos-Profi gefuer. Am Alter vu 34 krut hie keen neie Kontrakt méi proposéiert, weder vu senger aktueller Equipe (Trek Segafredo), nach vun enger anerer. Doropshin huet hien decidéiert, e Schlussstréch ënner seng Carrière ze zéien. Mécht hien dat mat oder ouni Regreten? Wéi zefridden ass hie mat senger Zäit am internationale Cyclissem um héchsten Niveau? A wat si seng Pläng fir d'Zukunft? Déi an aner Froe beäntwert de Laurent Didier dem Maurice Molitor.