Invité:e vum Dag
Dan Biancalana
Den Dan Biancalana ass eent vun den aacht neie Gesiichter an der Chamber, déi aus de leschte Wahlen ervirgoung: hie gouf de 14. Oktober als véierten op der LSAP-Lëscht am Süde gewielt - hanner Asselborn, Di Bartolomeo a Kersch, mee z. B. viru Bodry, Mutsch oder Cruchten. Hien ass zanter Enn 2014 Buergermeeschter vun Diddeleng a gouf bei de Gemengewahlen zejoert vum Wieler an där Funktioun confirméiert. Dofir wëllt hien och zu Diddeleng bleiwen an net Minister an där neier Regierung ginn. An awer ass den Dan Biancalana ee vun deene Jonken, dee bei der personeller Erneierung vun der LSAP ganz sécher eng Roll spillt.