Invité:e vum Dag
Marc Baum
Bei de Chamberwahlen de 14. Oktober hunn déi Lénk manner gutt ofgeschnidde wéi vill Leit - dorënner si selwer - dat erwaart haten: Si haten an der leschter Legislaturperiod zwee Sëtz a behalen och an där neier Legislaturperiod zwee Sëtz. De Marc Baum ass ee vun den zwee alen an neien Deputéierte vun déi Lénk um Krautmaart. De Maurice Molitor probéiert vun him gewuer ze ginn, firwat seng Partei net méi massiv vum Wieler gestäerkt ginn ass, a wou déi Lénk an den nächste Joren déi thematesch Schwéierpunkte vun hirer Oppositiounsaarbecht setze wëllen.