Invité:e vum Dag
Christian Oberlé
Jiddweree vun eis kotiséiert all Mount 2,8 Prozent vu senger Pai an d'Gesondheetskeess, an de Patron leet nach eemol dat selwecht drop. Do kënnt eng schéi Staang Geld zesummen, mee déi mécht nach nëmme 60 Prozent vum Gesamt-Budget aus, deen d'CNS geréiert. Déi aner 40 Prozent kommen direkt vum Staat. An Euro ausgedréckt mécht dat eng Zomm vu ronn dräi Milliarden, déi zur Verfügung steet fir de Gesondheetssystem ze finanzéieren. Zanter genee zwou Wochen huet d'CNS en neie President: Den 1. November huet de Christian Oberlé de Paul Schmit un der Spëtzt vun der d'Gesondheetskeess ofgeléist.