An den nächste Podcasten “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” steet d’Consommatioun, d’Consommateuren an d’Rechter vun e Leit am Mëttelpunkt.
Et ass kloer, datt mir an enger Konsumgesellschaft liewen. Dofir huet d’Consommatioun och e grousse Stellewäert. Natierlech ass dës awer och en Terrain, op deem Kriminalitéit sech och ufänkt breet ze maachen. De Bedruch an der EU hëlt nawell zimmlech zolidd zou an d’Gauner änneren och ëmmer nees hir Strategie: Dat geet vum Klaue vun Donnéeë bis eriwwer bei d’Manipulatioun vu Mënschen an dobäi notzen d’Brigangen natierlech och progressiv Moyene wéi KI oder Social Engineering.
De Jean Claude Majerus proposéiert an dësem Podcast en Iwwerbléck vun den heefegsten Arnaquen oder Forme vu Schwindel.