An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrow's Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetztwierk “Euranet plus” beschäftegt de Jean Claude Majerus sech dës Kéier ëm déi kulturell Ierfschaft, déi jidderee vun eis eppes ugeet, a et och e wichtege Punkt ass an der Diskussioun iwwer Wäerter an eiser Gesellschaft.
Et ass virun allem och d’UNESCO, déi probéiert, mat hirer Initiativ vum Weltkulturierwen, dës kulturell Vergaangenheet och fir déi zoukënfteg Generatiounen ze präservéieren.
Mee ass dat dann iwwerhaapt méiglech? Oder ass eist kulturellt Ierwen am gaangen, ze verfalen? Froen, op déi mir an dësem Podcast probéieren, eng Äntwert sichen.