Viru 15 Joer konnt nach kee sech richteg virstelle wat Kënschtlech Intelligenz ass. An haut an der aktuelle Welt huet d’KI scho méi oder manner en zolitten Afloss a quasi all Beräicher vun eisem Liewe fonnt.
An de nächsten dräi Podcaste mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” stelle mir d’kënschtlech Intelligenz, d’KI, oder AI, wéi och gäre gesot, an de Mëttelpunkt.
An dësem Podcast elo geet ëm d’KI an d’Aarbechtswelt. Well d’KI entwéckelt sech och an eis berufflechen Ëmfeld ëmmer weider a kritt ëmmer méi e groussen Impakt. An iwwer déi Entwécklung maache sech vill Mënsche Suergen.
A ganz Europa huet Euranet Plus sech fir dëse Podcast fir d’Fro intresséiert: Wat sinn d’Risiken awer och d’Chancen, déi dësen technologesche Progrès fir d’Aarbechtswelt huet?
Fir de Radio 100,7 huet de Jean Claude Majerus un dësem Euranet Podcast matgeschafft.