Besonnesch duerch déi extrem Wiederphänomener, mat deenen ëmmer méi dacks Länner a Stied konfrontéiert ginn, muss ee léieren domadder ëmzegoen, a virun allem och no Initiativen ze sichen, wat een dergéint ka maachen.
An do ass jidderee gefuerdert: Vum Urbanist, de Politiker bis bei d’Architekten.
De Jean Claude Majerus huet dësen Euranet Podcast zesummegesat, a fir de Radio 100,7 och mat enger Architektin a Bauberoderin geschwat.