An der leschter Episod vun de Podcaste mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” hate mir eis mat der KI an hirem Afloss an hirer Entwécklung an der Aarbechtswelt beschäftegt.
Mir bleiwen och déi Kéier nach beim Theema KI, mee mir wiesselen de Beräich a ginn an d’Schoul. Well d’KI jo, gewollt oder ongewollt, och bei Enseignanten, bei Schülerinnen a Schüler an och bei Studenten eng ëmmer méi bedeitend Roll spillt, leie verschidde Froen op der Hand. Froen ewéi: Wéi en Afloss kann d’KI op déi intellektuell Entwécklung vun de nächste Generatiounen hunn? Oder wéi eng Roll sollen a mussen d’Enseignante bei där ganzer KI-Entwécklung spillen?
Dat si just e puer Froen iwwer, déi an dësem Podcast geet, an de Jean Claude Majerus huet sech mat den Äntwerten aus ganz Europa ma awer mat der Lëtzebuerger Vue beschäftegt.