An dësem Podcast aus der Rubrik “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” geet et nach emol ëm Kompetitivitéit an zwar ëm d’Fro, ob d’EU an Europa kënne kompetitiv bleiwen ouni qualifizéierte Main d’oeuvre vu bausse mat eranzehuelen? Wat schwéier ass mat enger ëmmer méi strenger a restriktiver Migratiounspolitik.
Wat maachen? Eng qualifizéiert Migratioun géint eng Qualifizéierung vu lokaler Main d’oeuvre, esou kéint een déi aktuell Situatioun beschreiwen. Am Fong geet et dorëms, en dynameschen Aarbechtsmaart ze hu mat de richtege Qualifikatiounen. Et ass och e Fakt, datt d’Populatioun vun de Mënschen, déi schaffen an Europa, ofhëlt, mee Europa brauch awer qualifizéiert Leit an den Domäne KI an Digitaliséierung oder gréng Technologien.
De Jean Claude Majerus huet d’Meenungen aus villen europäesche Länner an dësem Podcast resuméiert.