An den nächste Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” geet et ëm d’Kompetitivitéit, also ëm d’Fäegkeet an de Wëllen, sech an dem ekonomeschen Ëmfeld an och géint eng zolidd Konkurrenz ze behaapten.
D’Kompetitivitéit ass e Motor fir Fortschrëtt, Innovatioun an Entwécklung. Aktuell geet et virun allem dorëms, d’Kompetitivitéit fir d’Zukunftvun Europa ze sécheren, mee wëllt een dat och wierklech a wéi kann een dat maache?
Kann an deem Kontext e Label “Made in Europe” hëllefen, d’Ekonomie an der EU ze sécheren. Soll d’EU sech eng strategesch Autonomie ginn an déi lokal Produktioun méi a méi promovéieren.
De Jean Claude Majerus huet an dësem Podcast d’Meenungen dozou aus der ganzer EU resüméiert.