Dës Kéier geet et awer ëm e Beräich, wou ee wuel eppes driwwer weess an awer huet ee kaum en Duerchbléck. An zwar geet et ëm Geheimdéngschter oder Noriichtendéngschter. Wat sinn hir Missiounen? Wat sinn déi nei Erausfuerderungen, déi op d’Noriichtendéngschter duer kommen, a wéi preparéiere sech d’EU-Memberstaaten dorobber.
Besonnesch well et net ganz kloer ass, wéi eng Roll d’USA an deem Ganze spillen, an a wéi wäit een nach op d’Ënnerstëtzung vun den USA ziele kann.
Wéi schaffen d’Geheimdéngschter da bannent der EU zesummen - besonnesch mat der Situatioun, datt an der EU Länner aus West- an Osteuropa elo Partner sinn, wat jo historesch net ëmmer esou war.
De Jean Claude Majerus huet an dësem Podcast d’Meenung vu villen Experten zesumme gedroen, mee am Resumé kann ee scho festhalen, datt “Vertrauen” eng ganz wichteg Approche an der Aarbecht vun de Geheimdéngschter ass.