Dat paneuropäescht Radionetzwierk Euranet Plus lancéiert eng nei Serie vu Podcaste mat der Iwwerschrëft "Tomorrows Europe" oder "Europa Muer". D’Radiostatiounen aus dem Reseau Euranet Plus beschäftege sech mat enger Panoplie vun Theemen, déi déi Europäesch Unioun aktuell concernéieren.
Am éischte Podcast vun der neier Serie geet et ëm Defense an d’Sécherheet an Europa, oder besser gesot ëm Zukunft dovunner an enger Welt déi am gaangen ass ze changéieren. A wou besonnesch de Krich an der Ukrain an de Wiessel am Wäissen Haus zu Washington der Europäescher Unioun vill Kappzerbrieches maachen.
Podcasten, un deenen de Jean Claude Majerus fir de radio 100,7 am europäesche Radionetzwierk Euranet plus matschafft.