Am zweete Podcast vun der neier Serie vum paneuropäesche Radionetzwierk Euranet plus “Tomorrows Europe” oder “Europa Muer” geet et ëm d’Energie.
Besonnesch mat der aktuelle Situatioun, déi d’Europäesch Unioun erlieft, mam Krich an der Ukrain, an domadder verbonnen datt ee sech net méi wëllt op Energieressourcen aus Russland stäipen, muss een iwwerleeën, wéi een de Problem mat den Energiereserven an de Ressourcen an de Grëff kritt.
D’Journaliste vum Euranet Plus waren a ganz Europa ënnerwee fir sech mat dem Energiezeenario ze beschäftegen.
Fir de radio 100,7 huet de Jean Claude Majerus un dësem Podcast matgeschafft.