Virun 12 Joer stierft d'Jeanne Olinger-Rouff 28.12.2024 - 07h15 Lëtzebuerger Juristin a Fraerechtlerin
62 Joer Georges Christen 21.12.2024 - 07h15 Dee stäerkste Mann vu Lëtzebuerg, ee vun de stäerkste Männer op der Welt, huet säin éischte Weltrekord am Béie vun Neel mat 20 Joer opgestallt. An du koume vill weider Weltrekorder an Attraktiounen derbäi.
Viru 85 Joer koum d'Micky Bintz-Erpelding op d'Welt 14.12.2024 - 07h15 Gebuer gouf si als Marie-Micheline Erpelding zu Esch-Uelzecht. Bestuet war si mam Schauspiller a Sänger Aly Bintz. Aktiv war si am Theater, huet gesongen, e Musical fir Kanner geschriwwen a Märercher iwwersat.
Virun 146 Joer ass de Jean Ulveling gestuerwen 07.12.2024 - 07h15 De Lëtzebuerger Staatsbeamten, Politiker an Historiker koum den 3. Abrëll 1796 zu Nidderwolz op d‘Welt. A senger laanger berufflecher Karriär war hien ë. a. Minister fir Finanzen, fir Gemengewiesen a fir den Interieur.
Viru 27 Joer stierft de Camille Hellinckx 30.11.2024 - 07h15 De Lëtzebuerger Notaire an DP-Politiker, gebuer de 25. Dezember 1925, gouf 1968 eng éischte Kéier an d‘Chamber gewielt a bei den zwou nächste Walen all Kéiers confirméiert
Virun 105 Joer 2 Referenden zu Lëtzebuerg 28.09.2024 - 07h15 Bei deene Referende goung et engersäits ëm d‘Fro, ob d‘Land eng Monarchie soll bleiwen a beim zweete goung et ëm d‘Fro, ob d‘Land soll eng Wirtschaftsunioun mat der Belsch oder mat Frankräich agoen.
88 Joer fir de Jean Pütz 21.09.2024 - 07h15 Den Däitsch-Lëtzebuerger Wëssenschaftsjournalist ass bekannt duerch seng Tëlee-Emissioun "Hobbythek" op der ARD.
1946: d’Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sproch gëtt festgeluecht 07.09.2024 - 07h15 An engem verständlechen Elan vun Nationalismus gouf nom Zweete Weltkrich duerch en Arrêté ministériel vum 5. Juni 1946 eng nei Orthographie ënner dem Kierzel OLO festgehalen.
Virun 82 Joer - Generalstreik am Nazi-besate Lëtzebuerg 31.08.2024 - 07h15 De Gauleiter Simon hat an enger grouss ugeluechter Propaganda-Manifestatioun de Lëtzebuerger ugekënnegt, datt hir Jonge géifen agezu ginn. Den 31. August 1942 huet Lëtzebuerg Nee gesot.
Virun 31 Joer stierft de Paul Metz 24.08.2024 - 07h15 Gebuer gouf dee leschte Stolbaron vun der Metz-Dynastie den 3. Juni 1918. Seng Recherche fir d'Verbesserung vun de Solprozeduren hunn him vill Auszeechnungen abruecht.
Virun 105 Joer koum de Pir Kremer op d'Welt 17.08.2024 - 07h15 De Pir Kremer bleift haaptsächlech an Erënnerung duerch déi populär RTL-Emissioun “Um Staminet“, an där hie wärend 35 Joer als Auteur matgeschafft an och selwer matgespillt huet.