Den 12. Juli 1912 koum an der Stad Lëtzebuerg de Lëtzebuerger Klarinettist, Flüttist, Saxofonist, Arrangeur a Komponist op d'Welt. Säi Repertoire war amerikanesche Swingjazz, Wiener a südamerikanesch Musek wéi och d‘Ënnerhalungsmusek aus senger Zäit. Säin Debut als Beruffsmuseker huet den Andy Felten 1926 gemaach, spillt an den 1930er Joren am éischte Radio-Ënnerhalungs-Orchester zu Lëtzebuerg a feiert nom Zweete Weltkrich grouss Erfolleger mat verschiddenen Ensembelen. Den Andy Felten stierft den 10. Abrëll 1984 am Alter vun 71 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 113 Joer koum den Andy Felten op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min