Gebuer den 23. Mäerz 1913 zu Miedernach, mat sengen Elteren op Esch geplënnert wou de Papp eng Metzlerei hat a wou de Jos Brebsom och dat Handwierk geléiert an d‘Metzlerei spéider iwwerholl huet, war hie politesch aktiv an der LSAP, lokal wéi och national. 1952 eng éischte Kéier an den Escher Gemengerot an 1974 eng éischte Kéier an d‘Chamber gewielt, war hien zwee Mol Schäffen a vun 1978 bis 1990 Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht. De Jos Brebsom ass den 28. Mäerz 2005 am Alter vun 92 Joer gestuerwen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 21 Joer ass de Jos Brebsom gestuerwen
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
Episoden
Nylonstrëmp ginn an den USA fir en abordabele Präis ugebueden
Virdrun huet e Puer ëm déi 250 Dollar kascht. Well den Undrang esou grouss war, huet esouguer d'Police misse kommen, fir d'Situatioun ze berouegen.
Virun 78 Joer gouf d'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen zougemaach
14,11 Kilometer war se laang, d'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen, déi den 2. Mee 1948 zougemaach gouf.
Virun 199 Joer koum de Jean-Antoine Zinnen op d'Welt
Den Hubble-Teleskop kënnt bis an de Weltall
Dem Hubble-Teleskop hu mir ganz vill Entdeckungen ze verdanken. De 24. Abrëll 1990 gouf den Teleskop an de Weltraum geschoss.
Virun 103 Joer koum d'Yvonne Frisch-Urbany op d'Welt
Déi Lëtzebuerger Schrëftstellerin huet sech schonn a jonke Jore politesch engagéiert, genee wéi hire Brudder, dee fréiere KP-Deputéierte René Urbany.
D'Invasioun vun der Bay of Pigs
De 17. Abrëll 1961 lancéieren d'USA an d'Cuban Democratic Revolutionary Front eng Militäraktioun, fir déi kubanesch Regierung ze stierzen.
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.